The story of DT Buttek

Once upon a time … in a garage in Pétange …

Den DT Buttek ass am Joer 1990 vum Claude Fisch gegrënnt ginn. Genau wéi beim Steve Jobs vun Apple an dem Jeff Bezos vun Amazon fënnt den DT Buttek säin Ursprong och an enger klenger (zu déier Zait) onbekanntener Garage.

Aus engem klengen Hobby ass iwwert all déi Joeren quasi e full-time job ginn an deen den Claude vill Passioun an virun allem vill Aarbecht gestach huet.

Am Summer 2019, no 29 laangen Joeren, huet den Claude seng wuel verdingte Pensioun vum DT Buttek geholl an dem Yves säi “Bebe” iwwerginn.

Mam Wiessel vum Propriétaire ass et och e Wiessel vun den Reimlechkeeten ginn. Den DT Buttek ass vun der berühmtener Garage vu Péiteng an e richtegen Shop op Bäreldeng gezunn an zervéiert seng Clienten elo vun do aus.

Den Claude steet dem Yves awer haut nach des Ëfteren mat Rot an Dod zur Säit …

Thank you Claude, your legacy will continue!

Affiche vum DT Buttek aus dem Joër 1990

Den Yves (l.) an den Claude (r.) an den Butterfly Europe Headquarters zu Krefeld (Summer 2018)

NEWS

Articles autour du Tennis de table

ARTICLES RÉCENTS DU BLOG

Mir sinn frou Iech matzedeelen dass den DT Buttek séng Dieren desen Summer opgemeet huet  ! Aus Léiwt zum Dësch-Tennis – Dain zouverlässegen Partner op der Plaaz. Den DT Buttek existéiert sait 1990.  Fir iech méi séier, an méi zentral kënnen ze zervéieren, ass den DT Buttek vun der berühmter Garage vun Péiteng am Süden vum Land an den Zentrum vum Land gezunn – op Bäreldeng.

Parking clients

Bien situé

Essais sur place

À propos de nous

CE QUE LES CLIENTS DISENT DE NOUS

” This shop located near the city has everything a table tennis player needs, especially the butterfly products what the shop is famous for, reliable and professional advice for all kind of material, and of course a fast delivery ! Stay healthy ! “

Jules H.
Customer

“ Frëndlecht an hellefsbereet Personal mat kompetenten Rootschléi fir Spiller vun all Niveau. E groussen Choix un Dëschtennismaterial an e verlässlechen Partner vun der marque Butterfly. “

Lynn H. & Georges d'A.
Customer

” DT Buttek, eng gutt Address, Bestellunge gin emmer séier a korrekt ausgefouert. A sollt dann ewer mol eng Kéier e Problem sinn, da gett och deen zefriddestellend geléist. Ech kann duerfir DT Buttek nemme recommandéieren. “

Jeanny G.
Customer

” Nach emmer zouverlässeg – souwuel bei eenzelnen wéi bei groussen Bestellungen! Den DT Buttek as emmer erem ze empfeelen fir Dësch-Tennis Material! ”
.

Claude R.
Customer

Abonnez-vous à notre newsletter

Recevez régulièrement les informations sur nos offres, les tous derniers modèles, inspirations & bien plus encore.

Veuillez saisir une adresse e-mail valide.

Nous ne céderons jamais votre adresse mail à un tiers.