Mir sinn frou Iech matzedeelen dass den DT Buttek séng Dieren desen Summer opgemeet huet !
Aus Léiwt zum Dësch-Tennis – Dain zouverlässegen Partner op der Plaaz
Den DT Buttek existéiert sait 1990. Fir iech méi séier, an méi zentral kënnen ze zervéieren, ass den DT Buttek vun der berühmter Garage vun Péiteng am Süden vum Land an den Zentrum vum Land gezunn – op Bäreldeng. Desweideren hunn mir elo och en Shop wou dir iech ëmmer déi neitsten Dësch-Tennis Kollektiounen unkucken an awer och unprobéieren kënnt.
Als BUTTERFLY PREMIUM PARTNER bidden mir eisen Client’en déi ganz Produkt-Gamme vun Butterfly un. Mir bidden awer och all aaner Dësch-Tennis Marken un.
Huelt Iech roueg Zäit fir iwwert eis nei Internetsäit ze kucken an eis Produkter an den Online-Katalogen ze kucken.
Am Shop leien d’Katalogen vun den verschiddenen Marken fir iech bereed.
Schreiwt iech och an eisen DT Buttek Newsletter an fir ëmmer um neitsten Stand ze bleiwen.
Mir freen eis iech zu desen Zaiten ze empfänken :
Méindes: 16h30 – 19h00
Mettwochs: 16h30 – 19h00
Freides: 15h30 – 18h00
Adress :
59, Rue du Dix Octobre
L-7243 Bereldange
